Fuerscherdag

July 8, 2015

 

An eisem Centre des Sciences, alias "Sheldon", Scientific Headquarter for Expermimental Learning by Demonstration and Obeservation of Nature, an am Mathécentre,  kënne d'Schüler net nëmmen Hëllef fir hier Schwieregkeeten an deenen verschiddenen Fächer (Physik, Chimie, Biologie, Mathé ...) kréien. Am Sheldon kënnen sech d’Schüler gutt fir een Engagement virbereeden oder un hirem Travail Personnel schaffen. Hei ass et och méiglech einfach aus Spaass um Experimentéieren verschidden Versich duerchzeféieren an dorausser ze léieren.

 

D'Enseignant'en hunn sech am Laf vun dësem Schouljoer gesot, datt et immens Schued ass, datt déi vill flott Versich just an enger Klass oder an engem kléngen Kader gewisen géifen. Si hunn sech dofir zum Ziel gesat fir der ganzer Schoul ze weisen wéi an wat um 2. Stack alles gemaach gëtt an sou den Interesse un den Wëssenschaften bei verschidden aneren Schüler ze erwächen!

 

Während dem 1. Fuerscherdag hunn schlussendlech iwwer 150 Schüler an 21 Workshopen zu Themen wéi Robotik, Pyrotechnik, Molekularkichen a villen aneren hir Experimenter den Kollegen presentéiert. Op eng Rei Fotoen kënn dir hei gesinn, wat et alles dem Dag am Lycée Ermesinde ze entdecken ginn ass. (voir les photos)

 

 

 

​​

 

​​

 

 

Please reload

December 20, 2018

December 19, 2018

December 19, 2018

November 22, 2018

October 24, 2018

July 9, 2018

June 25, 2018

June 18, 2018

Please reload